Skip to main content

14.11.2025 - 50 Joer Judo Club Roeserbann


Dënn 14.11 hu Mir op dënn offiziellen Deel vun eise 50 Joer Invitéiert.

No dem mir ewell mat eise Judoka,Memberen an hiren Famillen am Summer ee Fest gefeiert haten,war elo un der Soirée académique.

Hei waren dënn Här Buergermeeschter,Tom Jungen,Vertrieder vum Gemengerot vu Réiser,Vertrieder vun der FLJudo,Vertrieder vun de Judo Veräiner aus Lëtzebuerg,Vertrieder vun alle Veräiner aus dem Réiserbann esou wei fréier Comitésmemberen invitéiert.

Als Éieregaascht war denn Här Franz Köfler inviteiert.

Nodeem eise President kuerz op Geschicht vun eisem Club agaangen ass,huet Joanne Felten,Vizepresidentin vun der FLJudo,kuerz Wuert ergraff an dem Club fir säi Gebuertsdag gratuléiert.

Och dënn Här Buergermeeschter Tom Jungen,dënn och mol um Tatami zu Réiser stoung,huet em Club a senger Ried gratuléiert.

No dem dënn Här Kofler ,dënn och als Trainer um Réiserbann aktiv war,seng Projeten "Judo & Place in Motion" an "Projekt 1000" virgestallt huet as hien , vun eisem President als Éieretrainer ernannt ginn.

Mam Maggy, dem Henri an dem Egide huet de Club awer och dënn Owend nach 3 vu senge Grënnungsmembere geéiert,déi elo säit engem hallwe Joerhonnert am a fir de Club aktiv sinn.

Musekalesch ass dënn Owend vun der Béier-Bank-Band,déi och zum Ofschloss dënn Här Ballmann,wei eise President sot "Schwäizer Täschemesser vum Réiserbann",bei der Hymn vum Réiserbann begleet hunn.

zerëck op d'Iwwersiicht