Skip to main content

12.03.2025 - Assemblée générale


Dënn 12.03.25 hatt de Judo Club Réiserbann op Generalversammlung invitéiert, op der Mir de ganzen Schäfferot vun der Gemeng Reiser, esou wei verschidden Memberen vum Gemengerot hunn dierfen begréissen.
Bei senger Usprooch huet eise Präsident, dënn Egide, een kuerzen Resumé vun dënn Evenementer 2024 gemaach (Training ’s Camp, Tournéier) an iwwert de Programm vun 2025 geschwat ,an dem Mir jo bekanntlech eis 50 Joer feieren däerfen.
Um Uschloss ass et dunn em verschidden Ännerungen am Comité gaangen.
Dënn Fränz Petry, dënn Georges Kieffer an Nicole Schlichtenhorst hunn sech aus dem Comité zeréck gezunn an genéissen elo Hier wuel verdéngten Freizeit.
Op dëser Platz wëllen Mir hinnen awer nach emol Merci soen, fir déi laang an gutt Aarbecht ,déi Sie am Comité iwwert déi ganz Joren geleescht hunn.
Relevé am Comité iwwerhuelen elo d’Alysson Sirjacques an de Yannick Koch, déi allen zwee och hier Formatioun fir Coach gemaach hunn, an de Veräin op Turnéier als Coach an um Training als Trainer ënnerstëtzen.
Dann däerfen mir nach Nadine Costa nei am Comité begréissen, wat Funktioun als Caissier vum Maggy Goudembourg iwwerhëlt.
Zum Schluss huet dënn Här Buergermeeschter ,dënn Tom Jungen (selwer an senger Jugend Judoka bei eis am Club) , nach emol Wuert ergraff an ënner anerem dem Club fir seng Aarbecht gratuléiert an eis och ,dass de Club no baussen mei Sichtbar soll ginn, een ganz wichtegen Tipp mat op de Wee ginn,dënn Mir och schnell wëllen ëmsetzen.

zerëck op d'Iwwersiicht