Skip to main content

26.01.2025 - Youth Cup & Mini Judo


Dëse Weekend ware mir ganz aktiv.

E Samsteg stoungen 2 vun eise Judoka aus der U13 an ee Judoka aus der U15 zu Diddeleng fir de Youth Cup um Tatami.
Haut um Sonndeg war et dann un eiser U9 an U11 um Mini Judo zu Diddeleng.

Fir eis 7 Judoka aus der U9 war et hiren echten Optrëtt um Tatami fir een Tournoi, Deen Sie mat Bravour bestridden hunn.

Vun eiser U11 sinn 9 Judoka op dënn Tatami gaangen,esou dass de Judo Club Réiserbann de Weekend mat 19 Judoka op 2 Turnéier vertruede war.

Een extra Merci geet dann awer un Bérénice an de Brian, déi haut als Nowuess Coach eis U9 encadréiert, waarm gemaach an gecoacht hunn.

Merci awer och un d'Alysson, de Yannick an de Stéphane, déi de ganze Weekend fir eis Judoka am Ansaatz waren.

Zu gudder Lescht awer och ee Merci un dën Judo JuJitsu Dudelange , fir déi top Organisatioun an dass Sie fir eisen Nowuess erëm e flotte Mini Judo op Been gestallt hunn
Judoka Kategorie Resultat
Adele U9 3. Plaatz
Alkhast U9 1. Plaatz
Léon U9 3. Plaatz
Liam U9 1. Plaatz
Matthew U9 3. Plaatz
Paul U9 3. Plaatz
Pit U9 3. Plaatz
Adrian U11 3. Plaatz
Bérénice U11 1. Plaatz
Diego U11 1. Plaatz
Emile U11 2. Plaatz
Esteban U11 3. Plaatz
Jules U11 3. Plaatz
Julie U11 2. Plaatz
Sandro U11 3. Plaatz
Sebastian U11 3. Plaatz
Gülsüm U13 5. Plaatz
Jean U13 2. Plaatz
Eric U15 5. Plaatz

Podium / Medailen

  • Gold 4
  • Sëlwer 3
  • Bronce 10
  • ouni Podium 2


zerëck op d'Iwwersiicht