Skip to main content

06.01.2025 - Flashback 2024


Joer 2024 ass op een Enn gaangen,a mam Tournoi zu Wentger huet Joer 2025 och schonn direkt erëm sportlech ugefaangen.

Domadder ass et un der Zeit,fir emol kuerz op Joer 2024 zeréck ze kucken.

Mam Lisa huet de Club eng nei,awer scho bekannten,Trainerin bei kritt,wat lues a lues d'Relève vun eisem Tibi iwwerholl huet,deen an seng wuel verdéngten Pensioun gaangen ass.Mee den Tibi bléift dem Club awer am Comité an och als Ënnerstëtzung um Tatami erhalen. 

De Club huet am Laf vum Joer eng ganz Rei nei Membere kritt,a mir si houfreg, dorënner och eng Rei Erwuessener bei eis am Club däerfen ze begréissen.Dat weist,dass Judo e Sport,e Liewenswee an eng Liewesastellung  fir Jonker an och manner Jonker ass.En 2024 huet eise Club esou iwwer 100 Membere gezielt.

Dass eis 3 Trainingen ëmmer besser besicht sinn,weist eis ,dass mir um richtege Wee sinn.Och wann et leider ab und zu e bëssen enk an eisem Dojo gëtt, ass et ëmmer e flotten,seriösen awer och lëschtegen Train ing, wou eis Judoka net nëmmen de Sport,mee virun allem Wäerter vum Judo geléiert ginn.

Sportlech gesinn,sinn eis Judoka, déi op Turnéier ginn,jo e bëssen "Aushängeschëld" vum Club no baussen.An do huet sech iwwer déi lescht Joer vill gedinn.

2024 stounge 77 mol eis Judoka op 7 Turnéier um Tatami.Dat vun eise Jéngsten aus der U9 bis zur Jugend aus der U18.2025 si mir dann och bei de Seniorkategorie vertrueden.

2025 gëtt dann awer och fir de Club een interessant Joer.

An daat, well 1975 gegrënnt,däerfe mir dëst Joer eist halleft Joerhonnert Judo Club Réiserbann feieren .Wei a wou de Club dat feiert, gitt Dir am Laf vum Joer hei oder op eiser Facebook Säit gewuer.

zerëck op d'Iwwersiicht